De Comité

De Comité fir Fraenaarbecht (CTF) ass e konsultativen Organ vun der Regierung, geschaaft duerch  d'geännert groussherzoglecht Reglement vum 27. November 1984. E studéiert, entweder duerch eegener Initiativ oder op Ufro vun der Regierungen all d'Froe betreffend d'berufflech Aktivitéit, Ausbildung a Promotioun vun de Fraen.

De CTF huet d'Autorisatioun, op eegener Initiativ, entweder der Regierung oder dem Minister, deen fir d'Chancëgläichheet kompetent ass, sengem zoustännege Minister, en Ensembel vun Aktioune virzeschloen, déi d'Situatioun vun de Frae verbessere kéint.

De Comité besteet aus 21 Titulärsmemberen, souwéi aus enger gläicher Unzuel vu Suppléant(e)n, déi vum Minister fir eng erneibar Dauer vun dräi Joer ernannt ginn.

En enthält:

  1. véier Vertrieder vu Fraeveräiner, déi vum Nationale Rot fir Fraen vu Lëtzebuerg proposéiert goufen;
  2. véier Vertrieder vu Beruffsorganisatioune vun den Employeuren;
  3. véier Vertrieder vu gewerkschaftlechen Organisatiounen, déi déi representatiivst um nationalen Niveau sinn;
  4. néng Vertrieder vun der Regierung

Aktualiséiert